RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)

RTL Télé Lëtzebuerg

Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

  • 28 minutes 42 seconds
    Pisa Spezial «Take Off»
    Puer vun de bis elo beschte Momenter an d’Fuerschung hannendrun.

    No 10 Episoden Take Off kucke mir am Pisa zréck op déi bescht Momenter aus der Science Challenge Show. Kniwweleg wëssenschaftlech Challengen. Spannend bis déi lescht Sekonn.

    Wéi hunn d’Kandidaten d’Show erlieft? Wéi eng Fuerschung stécht hannert den Challengen? A firwat ass Take Off fir Linguisten esou interessant.
    7 April 2024, 5:25 pm
  • 29 minutes 52 seconds
    PISA de Wëssensmagazin
    Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
    6 April 2024, 10:00 pm
  • 27 minutes 48 seconds
    Pisa Spezial «Take Off»
    Déi bescht Momenter aus den éischten Episoden an d’Fuerschung hannendrun.

    D’Emily, d’Sonia an den Amin un Take Off scho misse verloossen. D’Chiara, den Alex an d’Polina sinn nach ëmmer dobäi. Wéi hunn des sechs Kandidaten d’Science Challenge Show bis elo erlieft? Wat huet si am meeschte begeeschtert? Wat waren déi gréissten Erausfuerderung? A mir gesi wéi eng Fuerschung hannert den Challenge vun der éischter Science Challenge Show stécht.
    11 February 2024, 6:30 pm
  • 28 minutes 14 seconds
    Elektresch fueren
    Wat schwätzt duerfir, wat dogéint?

    Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An op Elektroautoe wierklech méi ëmweltfrëndlech si wéi Verbrenner.
    3 December 2023, 6:25 pm
  • 27 minutes 46 seconds
    Wéi de Smartphone eist Liewe positiv an negativ beaflosse kann
    Eng jonk Studentin verzicht fir en Experiment dräi Deeg op hire Smartphone. Wat léist dat an engem aus?

    Firwat gräife vill Leit dacks reflexaarteg nom Handy? A wouru mierkt een dass ee vläicht handysüchteg ass? Am Lycée Ermesinde zu Miersch hunn se den Handy ganz verbueden? Firwat déi Decisioun a wéi kënnt se bei de Schüler un? A Fuerscher um LIST schaffen um Smartphone vun der Zukunft, mat engem Touchscreen, deen een net upake muss.
    5 November 2023, 6:25 pm
  • 27 minutes 2 seconds
    Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa
    D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg

    Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.
    29 October 2023, 6:00 pm
  • 27 minutes 3 seconds
    100 Gemengen a 24 Stonnen
    Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg

    Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d’Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d’Gemengegrenze virun iwwer 200 Joer festgeluecht goufen. A wéi de «Blob» kéint hëllefen den ëffentlechen Transport ze optimiséieren.
    1 October 2023, 5:25 pm
  • 28 minutes 10 seconds
    Revolutioun zu Lëtzebuerg
    Déi spannend Geschicht vun eiser Constitutioun

    1848 erkämpfen d’Lëtzebuerger sech hir éischt liberal Verfassung. Ween a wat huet virun 175 Joer dozou gefouert, dass Lëtzebuerg säin éischt Grondgesetz krut. Wat ännert sech mat der neier Verfassung, déi elo a Kraaft trëtt. A firwat huet esou laang missen doru geschafft ginn.
    2 July 2023, 7:34 pm
  • 29 minutes 16 seconds
    Wäertvollt Waasser
    Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer.

    De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D’Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d’Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunft genuch Krunnewaasser hunn. Mir gesinn wéi d’Krunnewaasser mat enger intelligenter Steierung am Land verdeelt gëtt. A maachen eis op eng spannend Sich no de Plazen wou d’Leit virun iwwer Joer 100 hiert Drénkwaasser hir kruten.
    4 June 2023, 5:25 pm
  • 27 minutes 56 seconds
    Traffic-Stress, nee Merci!
    Firwat mir am Auto fluchen a wéi relax mer an Zukunft wäerte fueren.

    Ëmmer méi Autoen. Permanent Chantieren. An deen éiwege Stopp and Go. Dat ass dach guer net schlëmm. An Zukunft wäerte mir nämlech net méi selwer fueren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Fuerschung un autonomen Autoen. Wat déi haut scho kënnen a wou nach Challenge sinn. Mir erklären firwat mer hannert dem Steier gär mol extrem fluchen. Gesinn wéi eisen Autobunns-Reseau iwwert déi lescht Joerzéngte gewuess ass. An de Mister Science weist an engem spektakulären Experiment wéi déi sougenannt Nids de poule an de Stroossen entstinn.
    7 May 2023, 5:25 pm
  • 29 minutes 39 seconds
    PISA de Wëssensmagazin
    Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
    6 May 2023, 10:00 pm
  • More Episodes? Get the App
© MoonFM 2024. All rights reserved.