• 41 minutes 30 seconds
    #194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat?

    Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi Sex ass.  

    An der Rubrik erkläert d'Ella eis, wat d'ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet. Shownotes

    ILGA Rainbow Map ILGA Bericht iwwert d'Situatioun vun LGBTIQA-Mënschen zu Lëtzebuerg (Annual Review) Reaktioun vun Rosa Lëtzebuerg

    Zur Transparenz: D'Ella schafft bei Rosa Lëtzebuerg, dat huet awer keen Afloss op den Inhalt vun der Rubrik.

    12 June 2026, 1:09 pm
  • 46 minutes 19 seconds
    #193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen

    Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung eng Fernbezéiung gemaach, mee och aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung. An dëser Episod diskutéieren si, wéi een*t dës Plënnerdécisiounen zesummen oder alleng maache kann, wat dat mat enger Bezéiung maache kann a wéi een*t déi Transitioun eventuell manner schwéier mëcht.

    An der Rubrik erklärt den Elie, wat Figging ass a wéi een*t dat am beschten ugeet.

    29 May 2026, 1:00 pm
  • 50 minutes 26 seconds
    #192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben

    Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Sex-Team, déi eis aus eegener Erfarung erziele kann, wéi dat bei hir war. De Joël a Kelly schwätzen an dëser Episod iwwert Anträg, déi net ganz esou lafen, wéi een sech dat virgestallt hätt, iwwert Réng an natierlech iwwert ee grousse Kuch.

    An der Rubrik gi mir vum Kelly gewuer, wisou mir eise Pleséier an enger Bezéiung zentréiere sollten – een Thema, wat grad fir Koppelen, déi sech bestuede wëllen, wichteg ass

    Shownotes LA Times: 20 years of data on same-sex marriage Ëmfro zu de Grënn wisou Leit sech bestueden Vice: Why Queer Couples Don’t Marry as Young as Straights Vogue: Am I a Bad Queer for Getting Married?

    15 May 2026, 1:00 pm
  • 39 minutes 24 seconds
    #191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten

    Gebuerten si mat ville gesellschaftlechen a perséinlechen Erwaardunge verbonnen. Oft bedeiten se eng Mëschung vun dausende vu Gefiller, schéinen an deelweis awer och schlëmme Momenter. Eppes ass sécher: all Gebuert ass anescht an och wat duerno kënnt leeft fir keen Elteren a Beebee(n) Team selwecht. Des Woch schwätzt Ella mat senger Mam Monique iwwer hier villfälteg Gebuertserfarungen. Dobäi komme Birthplans, Gebuertstechniken, lëschteg Anekdoten a nach villes méi op den Dësch.

    Quellen an interessant Artikelen: Medizinische Informationen zur Peridural Anästhesie in der Geburtshilfe - CHL Quality of maternal and newborn care around the time of childbirth in Luxembourg during the COVID- 19 pandemic - Maryse Arendt, Barbara Tasch, Francesca Conway, Aline Lecomte, Benedetta Covi, Ilaria Mariani, Emanuelle Pessa Valente, Marzia Lazzerini Beyond autonomy: Care ethics for midwifery and the humanization of birth - Elizabeth Newnham, Mavis Kirkham Obstetric and gynaecological violence in the EU - Silvia Brunello, Magali Gay-Berthomieu, Beth Smiles, Eneidia Bardho, Clémence Schantz, Virginie Rozee Self-determination: an increasingly important aspect of childbirth - Isabell Spilker Hypnobirthing: Schmerzfreie Geburt unter Hypnose?

    1 May 2026, 1:00 pm
  • 58 minutes 29 seconds
    Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3)

    Sports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d’Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen?

    Quellen Bicher: - Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to Shine” vum Rachel Reid - “Pucking Around” vum Emily Rath - “Deep End” vum Ali Hazelwood - “Sweat” vum Jonah Yorke - “Cleat Cute” vum Meryl Wilsner Filmer: - Personal Best (1982) - Water Lilies (2007) - Challengers (2024) Artikelen: - “A Brief History of Slash Fiction. The horny girls who walked so Heated Rivalry could run.” vum Bethy Squires (am New York Magazine). - “Heated Rivalry and the erotics of equality Masculinity, care and love under late capitalism” vum Yalda Keshavarzi (am shado magazine). - “He's the voice of romantasy audiobooks' biggest heartthrobs. He's never been busier” vum Vanessa Romo (bei npr). Real-life lesbian heated rivalries: - Julie Chu & Caroline Ouellette - Savolainen & Anna Kjellbin Weider Quellen, déi mer am Hannerkapp haten: - “What’s up with the Heated Rivalry houses?” vum Kendra Gaylord op Youtube - “Heated Rivalry x The Puritanical Eye with Hope Rehak” vum Material Girls Podcast

    17 April 2026, 1:00 pm
  • 49 minutes 20 seconds
    #189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren?

    Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir onschéi Gefiller. Wisou däerft Robin als Kand zum Beispill op emol net méi ouni T-shirt dobausse spillen? A wouhier koum dem Ella seng Iddi am 6. Schouljoer dass seng Broscht sech ab elo net méi fräi beweegen däerf? Dës a nach vill weider Froen diskutéiere Robin an Ella an dëser Episode. 

    An der Rubrik erkläert Elie wéi gutt Bezéiungen eis op laang Dauer frou a gesond halen.

    3 April 2026, 1:00 pm
  • 45 minutes 31 seconds
    #188: Sinn ech ee Feld oder wat? – (On)Fruchtbarkeet

    Einfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt  Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de Statistiken net néierschléit. Wien wéi fruchtbar ass, huet awer och gesellschaftlech a sozioekonomesch Grënn. Een Thema, dat enk domadder verbonnen ass, si medezinesch Methoden, déi een*t an Usproch kann huelen, wann et op natierlechem Wee net klappt – an dem Kader gi mir dann och doriwwer opgekläert, wéi sënnvoll et ass, an den Tifküler ze jitzen.  An der Rubrik erkläert d'Ella, wat den LEQGF ass a wat fir eng Etüd deen iwwert queer Mënschen zu Lëtzebuerg gemaach huet.

    20 March 2026, 2:10 pm
  • 39 minutes 37 seconds
    #187: I like the ring of it – Verhütung mamm Nuva Réng

    D'Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D'Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An dëser Episod erzielt d'Ella vu sengen Erfarungen mamm Nuvaréng, firwat hatt sech fir dat Verhütungsmëttel entscheed huet a wat him heinsdo op de Nerv geet.

    Dës Episod ass dann och Deel vun eiser Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op [email protected] oder kontaktéier eis iwwer social media. :)

    An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Hormoner a Psychedelica.

    Shownotes: Addendum zum Thema "Nuvaréng wärend dem Sex raushuelen": D'Ella sot an der Episod, dass een*t de Nuvaréng während dem Sex fir 3 Stonnen ka raushuelen, an dass all Keiers 24h tëscht dem Raushuele leie sollten. Et sollt een*t dat allerdéngs net all Dag maachen, oder et zur Sëcherheet mat sengem Doktor ofklären. Fachinformation Nuvaring Bundesamt für Sicherheit im Gesundheitswesen (DE) mengverhuetung.lu: Vaginalring

    6 March 2026, 2:00 pm
  • 47 minutes 48 seconds
    #186: Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen

    Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesummenplënneren. Si schwätzen natierlech awer och iwwert déi grouss Fro: Schléift een*t zesummen an engem Bett oder dach léiwer getrennt?

    An der Rubrik erkläert d'Ella alles, wat dir iwwert Diskussioun ëm genderneutral Toilettë wësse musst.

    20 February 2026, 2:00 pm
  • 50 minutes 18 seconds
    #185: Méi wéi bits and bytes — digital Kommunikatioun

    Mir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir Erfarungen mat digitaler Kommunikatioun a wéi déi sech op hir Relatiounen zu aneren a sech selwer auswierkt.

    An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dee grouss diskutéierte Lien tëscht Testosteron an Aggressivitéit.

    6 February 2026, 2:00 pm
  • 1 hour 1 minute
    #184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2)

    Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre - an törnt eis dat un? Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider? ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus

    Bicher, déi mer erwähnen: - “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent - “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent - “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent - “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor - “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor - "Haunting Adeline" vum H.D. Carlton - "Very Bad Kings" Serie vum Jane S. Wonda - „Lights out“ vum Navessa Allen - “The Princess’s Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey

    Quellen: - Döring, Nicola. (2025). Groschenromane mit Porno-Inhalten? Warum Dark Romance fasziniert und polarisiert. In: Mediendiskurs, 1(2025), S. 64–72, online: https://mediendiskurs.online/beitrag/groschenromane-mit-porno-inhalten-beitrag-1193 - Döring, Nicola. (2025). Dark-Romance-Bücher zwischen Leselust und Moralpanik: Eine Orientierungshilfe für die pädagogische Praxis. In: merz | medien + erziehung, 69(3), online: https://doi.org/10.21240/merz/2025.03.29 - Interview mit Prof. Dr. Nicola Döring. (2025). Dark Romance: Schulen müssen Medien- und Sexualkompetenz fördern: https://www.campus-schulmanagement.de/magazin/dark-romance-schulen-muessen-medien-und-sexualkompetenz-foerdern-nicola-doering - Weis, Diana. (2025). Smut: Zur Popularität von New Adult- und Dark Romance-Literatur. In: POP – Kultur und Kritik, 26, S. 116–122, online: https://doi.org/10.14361/pop-2025-140118. - Artikel iwwer Twilight gender-swap: Brown, Heather. (2018). Fictional power and control and the reality of abusive behaviour. In: Journal of Gender Studies, 27:4, S. 401-410, DOI: 10.1080/09589236.2016.1223611.

    „Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring

    Myth of Consensual Sex Meme: https://knowyourmeme.com/memes/the-myth-of-consensual-sex

    23 January 2026, 2:00 pm
  • More Episodes? Get the App