Architekturdeeg ënnert dem Motto “(Ré)imaginer nos espaces quotidiens”
Tëscht dem éischten an dem véierten Oktober sinn zu Lëtzebuerg di zweet Journées de l’architecture. D’Initiative vum LUCA, de Luxembourg Center for architecture, soll d’Ëffentlechkeet dozou motivéieren, Architektur a bebaut Ëmwelt an all hire Formen ze entdecken an ze feieren. Et ginn iech, duerch d’ganzt Land, 66 verschidden Aktivitéite vun Atelieren, Ausstellungen, visites guidéeën, portes ouvertes gebueden. Entdeckt d’Utopië vu muer, nohalteg Initiativen, nei Modeller vu Gäschthaiser oder de Lift Holleschbierg. D’Kerstin Thalau war gëschter Moien direkt op den 1. méigleche Rendezvous: an de Stater Café Konrad op den Tour “Live Touch”.
2 October 2026, 11:45 am
Filmkritik: "Notre Salut"
Idealist? Opportunist? Dem Emmanuel Marre säin historeschen Drama zeechent de Portrait vun engem klenge Fonctionnaire an der kollaborationistescher Vichy-Regierung. Eng Kritik vum Michel Delage.
2 October 2026, 11:30 am
Filmkritik: "Naza"
An hirem Documentaire loossen d'Realisateure Yuval Avraham a Rachel Szor anonymm Membere vun der israelescher Arméi an de Geheimdéngschter ze Wuert kommen. Aus hiren Aussoe geet ervir, datt d'Arméi wärend de Bombardementer vun der Gazasträif net nëmmen Hamas-Militanten an d'Viséier geholl mee och geziilt Zivilisten ëmbruecht huet. De Michel Delage mat enger Kritik.
2 October 2026, 11:10 am
The Westies
Eng Krimi-Serie déi sech mat enger New Yorker Gang beschäftegt, déi et och wierklech gouf. De Simon Larosche stellt eis d'Serie fir.
1 October 2026, 1:45 pm
Vienna Design Week: Am Gespréich mat der Annick Kieffer
Dëst Joer ass Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" dréit sech alles em d’Stëmm vum Design. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren, d’Radio 100,7-Freelancerin Emma Hizette mécht eng Parti Live-Interviews, an deenen Lëtzebuerger Designer:inne mat engem auslännesche Binôme diskutéieren. Di Interviewen kann een duerno op YouTube nolauschteren. Eng vun den Designerinnen, déi Deel vun de Lives sinn, ass d’Annick Kieffer vum Studio Polenta, mat deem sech de Jeff Schinker iwwert d’Lëtzebuerger Präsenz op der Design Week, d’Erausfuerderungen, déi d’KI dem Secteur stellt an d’Syndikaliséierung duerch d’Design-Federatioun Design Lëtzebuerg ënnerhalen huet.
1 October 2026, 11:45 am
Filmkritik: "Verity"
Eng Dräiecksbezéiung viru geféierleche literareschen Ofgrënn... Dem Amerikaner Michael Showalter säi psychologesche Thriller spillt mat de Grenzen tëschent Fiktioun a Realitéit. Eng Kritik vum Michel Delage.
1 October 2026, 11:30 am
Filmkritik: "Digger"
Dem Alejandro González Iñárritu seng satiresch schwaarz Komedie hëlt déi Responsabel vum Klimawandel op d’Schëpp. Mat engem Tom Cruise als esou eefältege wéi mächtege Petrolsmagnat. Eng Kritik vum Michel Delage.
1 October 2026, 11:10 am
E Gedicht - e Konschtwierk
Haut nach en Extrait aus der Valibrairie vum leschte Sonnden, wou d‘Valerija Berdi mam Dichter Tom Nisse an den Dichterinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner iwwer d‘Poesie a Kombinatioun mat aner Konschtforme geschwat huet. D‘Emissioun war am Kader vum Poesie Plus Festival vun der Escher Kulturfabrik organiséiert, an am Café Mesa opgeholl ginn.
30 September 2026, 11:45 am
Guy Helminger
Gëschter Owend huet de Schrëftsteller Guy Helminger de Batty Weber Präis fir säi Liewenswierk iwwerreecht kritt. Déi zeremoniell Präisiwwerreechung war am Park vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch. D‘Valerija Berdi war op der Plaz.
30 September 2026, 11:30 am
D’Fotografin Elina Brotherus presentéiert “The artist and her double”
D’Finnin Elina Brotherus exploréiert d’Konschtgeschicht, d’Autobiografie, d’Spill, d’Presenz, den architektonesche Patrimoine plus d’Landschaft mat Hëllef vu Fotografie a Film. Ëmmer mat enger feministescher Approche. Als onbekannt Fotografin war si op der Sich no engem Modell gewiescht, deen ëmmer disponibel wier, an huet esou sech selwer entdeckt. D’Kënschtlerin ass 1972 zu Helsinki gebuer a pendelt haut tëscht hirer Heemecht an der Bourgogne. 2019 hat si, am Kader vum European Month of Photography, eng éischt Solo-Ausstellung bei eis an der Villa Vauban. Elo presentéiert si “The artist and her double” am Ausstellungsespace vum Arendt House. D’Kerstin Thalau war mat der Elina Brotherus duerch hir Foto-Expo.
30 September 2026, 11:10 am
D'Gedicht a méi Dimensiounen
Haut dann nach e weideren Extrait aus dem Gespréich vum Valerija Berdi mat de Dichterinnen Ulrike Bail an Katharina J. Ferner an dem Dichter Tom Nisse. Wann d‘Gedicht d‘Buch verléisst war de Sujet an der leschter Valibrairie, déi live ze Esch am Kader vum Poesie Plus Festival opgeholl ginn ass. Déi ganz Emissioun ass an eiser Mediathéik.